Friday, 8 May 2015

Naturpark ouni Gëft

Eis Naturparke sinn net dat, wat ee sech dorënner géing viirstellen. Et ass keng "Réserve naturelle", an däer mir méi rücksichtsvoll mat der Ëmwelt ëmginn. Et ass och net esou, datt d'Produiten, déi de Label "Naturpark" droen net mat Pestiziden, Fungiziden a soss Gëfter hiergestallt gi wieren. Och Konschtdünger, Piff a Mëscht ginn a riisege Quantitéiten op d'Felder gefouert, well de Buedem duerch intensiv Landwirtschaft net méi d'Méiglechkeet huet sech ze regeneréieren. Et ass eng Landschaft geprägt vu Monokulturen an doudgesprétzene Felder. Dat ka sou net weider goen. Net nëmmen d'Beien hunn hei kee Liewensraum, well néirens méi eng Blimmche steet, och vill aner Insekten iwwerliewen hei net méi. Et ginn ëmmer manner Villercher. Et ginn net genuch Hecken tëscht de Felder fir een Ökosystem fir d'Fauna ze erméiglechen. Alles an Allem ass et net esou, wéi et misst sinn. An d'Initiativ "Naturpark ouni Gëft" huet sech als Zil gesat, hei drun ze schaffen. Et ass jo net esou, wéi wann Alles wat net richteg leeft de Baueren hir Schold wier. Neen, och si sinn Affer. Kengem Bauer, egal ob grousse Betrib oder klengen Haff, kann dru geleeë sinn, d'Natur ze zerstéieren. Ëmmerhinn lieft hien direkt dervunn. Mee et ass awer fir e Bauer net einfach en Auswee aus der destruktiver Spiral vun der intensiver, konventionneller Landwirtschaft ze fannen. "Naturpark ouni Gëft" huet sech virgeholl hei Informatiounen ze liwweren, fir datt konventionnel Häff Weeër a Méiglechkeeten opgewise kréien, wéi si méi nohalteg kënne schaffen. Fort vun der Landwirtschaft, hinn zu méi Agrikultur. "Naturpark ouni Gëft" ass keng politesch Initiativ, och wann et an der "Natur" vum Thema läit, dëst unzehuelen. Och wäerte vill gutt Beispiller aus der Welt vun der Bio-Landwirtschaft kommen, mee och dëst ass bei dësem Thema net ze verhënneren. "Naturpark ouni Gëft" ass eng Initiativ vu Bierger, déi eppes beweege wëllen an eppes am Verhalen vun de Bewunner a vun de Baueren aus dem Naturpark wëllen änneren. An et muss sech eppes änneren. Hei sinn dann och eis Gemengeresponsable gefrot. "Naturpark ouni Gëft" gesäit sech als Pilotprojet fir ee flächendeckend Ëmdenken am Ëmgang mat der Natur. Eis Naturparken sinn hei awer déi richteg Plaz fir en Ufank ze maachen. Ëmmerhinn sinn d'Punkten am Artikel 2 vum Gesetz vum 10. August 1993 zu den Naturparken esou festgehale ginn, datt een eng Upak huet. Dat sinn elo 22 Joer hier. Hëlleft matt datt et net nach eemol sou laang dauert, bis eis Naturparken esou sinn, wéi d'Natur a seng Awunner, Mënschen, Déieren an Insekten et verdingt hunn. Hei den Artikel 2 op däitsch:

Die Ziele eines Naturparks sind laut Naturparkgesetz (Art. 2):

-  der Erhalt und die Wiederherstellung der Eigenart und Vielfalt der natürlichen Umwelt, der einheimischen Flora und Fauna,
-  der Schutz der Reinheit von Luft und Wasser sowie der Bodenqualität,
-  der Erhalt und die Wiederherstellung des kulturellen Erbes,
-  der Förderung und Orientierung einer ökonomischen und sozio-kulturellen Entwicklung, die die legitimen Ansprüche der Bevölkerung hinsichtlich ihrer Erwerbsmöglichkeiten, Lebens- und Wohnumfeld-qualität mit einbezieht,
- die Förderung und Orientierung von Tourismus- und Freizeitaktivitäten im Rahmen der genannten Zielsetzungen